Cybersecurity Luxembourg

Een zweifelhafte LinkKlick net!Préiwen!Mell et!

Denkt Dir datt Dir en Affer vu Bedruch sidd?Fir Är Situatioun ze bewäerten, stellt Iech dës 3 Froen:

phone
Kënnt Dir ären Kontakt net zréckruffen?

obwuel Dir seng Nummer virdru kannt hutt an versicht hutt unzerufen (z.B. Är Bankfilial)?

bolt
Freet ären Kontakt Iech, séier ze handelen ?

ouni déi üblech Sécherheetsmoossnamen ze beuechten?

key
Freet hien Iech no engem Geheimcode?

ärer Bankkaartennummer? der Installatioun vun enger Bank-App?

siren
Hud Dir op eng vun dëse Froen « Jo » geäntwert.

Siid virsiichteg ! Et kéint sech ëm Bedruch handelen.

Déi richteg Persoun fir all Situatioun!

bank
luxtrust
portal
police
company
shield

Schützt Iech selwer géint Cyberbedruch!5 einfach Tipps dei all Dag gëllen

01
Passt op zevill verspriechend Ukënnegungen un
Wann eppes ze gutt kléngt fir wouer ze sinn, ass et wahrscheinlech Bedruch, suguer wann Krëschtdag ass!
02
Deelt nie Engem är Login-Donnéeën mat
Kee serieuxen Organismus freet Iech no äre Login-Donnéeën (PIN, Code, Passwuert) per E-Mail, SMS oder Telefon, iwert Sozial Netzwierk, iwert eng App.
03
Mellt verdächteg Messagen
Falls Dir e komeschen Message vun enger Bank oder Institutioun kritt, mellt et! Rufft den standard vun ärer Bank, äre Beroder oder är Agence un, oder den Standard vum Organismus deen Iech den Message gescheckt huet. Fir Phishing-E-Mails benotzt SPAMBEE → spambee.lu fir et ze melden an fir aaner letzebuerger Awunner ze schützen.
04
Huelt iech Zeit ze iwerléen befir dir klickt
Bedruch geschitt oft mat Drock an Angschtmache! Gitt net direkt op an huelt Iech Zäit fir ze kontrolléieren. Rufft d’Bank oder den Organismus wou Dir mengt dei hätten Iech kontakteiert direkt un an froot no op Sie Iech kontakteiert hun, amplaz op Links ze klicken! Kontrolleiert wann Dir een Zweifel hud.
05
Benotzt LuxTrust wann et geet
Benotzt staark Authentifikatiounsmethoden wéi LuxTrust.

4 Websaïten fir méi iwwer Cyberbedruch ze léieren

ZOUVERLÄSSEG INFORMATIOUNEN AN KONKRET ROTSCHLEI

D’BEE SECURE Helpline ass e vertrauleche Berodungsdéngscht. Jidderee ka sech un dëse Service wenden, fir Froën zum Thema Internetsécherheet an der digitaler Mediebildung ze stellen a praktesch Rotschléi ze kréien. De Service ass iwwer Telefon op der Nummer 8002 1234 oder schrëftlech erreechbar.

TOOLS FIR IECH ZE SCHÜTZEN

D’ Luxembourg House of Cybersecurity bitt verschidde Servicer an Tools, déi Iech hëllefe kënnen aktiv selwer ze schützen, entweder andeems Dir béiswëlleg Inhalter mellt oder andeems Dir den Zougang zu Sécherheetsléisungs-Ubidder erliichtert.

MELLT EEN CYBER BEDRUCH

Spambee ass d'Instrument vun "National Cybersecurity Competence Center" (NC3), dat erlaabt Iech net méi ze leiden, andeems Dir schiedlech Inhalter mellt, a geschützt sidd vun deenen, déi scho vun anere Benotzer gemellt goufen.

Wann Dir Spambee net benotze kënnt, awer trotzdem e Phishing-Site mellen wëllt, gëtt et den URL-Abuse-Service vum CIRCL, deen Dir mat engem einfachen Browser zougräifen kennt.

DEN NATIONAL CYBERSECURITY PORTAL

Cybersecurity.lu ass den Ökosystemportal, deen Iech erlaabt Déngschtleeschter z'identifizéieren, déi Iech d'Sécherheetsléisung ugepasst un äre Besoinen ubidden.

Cyber Bedruch besser verstoenPhishing, online-Bedruch…, mir soen Iech alles!

thief
Wat ass Online-Bedruch?

Online-Bedruch ëmfaasst all täuschend Akten, mat deenen Täter probéieren, ongerecht Virdeeler ze kréien – oft duerch Verschleierung oder falschen Identitéiten an Violatioun vun Gesetzer an Reglementer. Scam ass eng allgemeng Aart vun Bedruch.

fish
Wat ass Phishing?

Phishing ass e Versuch, d'Schécken vun engem Message, normalerweis eng E-Mail, am Numm vun enger vertrauenswürdeg Drëtt Partei (Bank, Regierungsagentur, sozialen Netzwierk, Liwwerfirma, Online Händler, asw.) ze schécken fir d'Affer ze täuschen fir dass Sie hir Identitéit oder Bankdetailer, Passwierder oder souguer Bankkaartnummeren liwwert. Phishing ass e Versuch, perséinlech oder finanziell Donnéeën ze klauen, andeems een sech als seriöse Service ausgëtt.

Wärend E-Mail historesch dat meescht benotzte Kommunikatiounsmëttel war,hunn Bedrucher zënter Techniken entwéckelt déi aner Kanäl benotze kënnen: Déi meescht benotzte Methoden sinn:

shield_2
Wat sinn déi heefegst Aarte vu Bedruch, déi vun der Police Grand-Ducale observéiert ginn?

Police Grand-Ducale – Typesch Bedruchsformen. Fir eng lëscht vu bekannte Bedruchsformen, kuckt hei:

Léiert déi richteg Reflexer duerch e Lidd!Kuckt Iech de Museksvideo "Klick net! Préiwen! Mell et!" op YouTube un...

Video @YouTube
Gitt dem Lidd e Like op alle Museksplattformen.

Mat der Zesummenaarbecht

ABBL
Fondation ABBL
LuxTrust
Luxembourg House of Cybersecurity
Banque Centrale Du LuxembourgBeeSecureCSSFILRMy Connectivity

Mat der Ënnerstëtzung

Commissariat Aux Assurances
House of Entrepreneurship
Association des Compagnies D'Assurances de RéassurancesFedilFinance & Technology LuxembourgICT LuxembourgPolice
Cybersecurity Luxembourg
cyberfraud.lu ass déi offiziell Plattform fir d'Preventioun vu Cyberbetrug zu Lëtzebuerg.
ënnert der héijer Patronage vum Wirtschaftsministère
MECO
Cybersecurity Luxembourg
Luxembourg House
of Cybersecurity